THE
SOLID
CHOICE

Invest in Luxembourg's Defence

Drot zur Finanzéierung vun der Verdeedegung vu Lëtzebuerg, sengen Wäerter an sengen Interessie bäi andeems dir an e Produit mat festem Rendement investéiert.

Defence Bond

D’Staatsobligatioun vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Am aktuelle weltpolitesche Kontext, wou d'Sécherheetsfroen ëmmer méi wichteg ginn, am Aklang mat eisen europäeschen Engagementer an deene vis-à-vis vun der NATO, engagéiert sech Lëtzebuerg, fir seng Investitiounen an d’Verdeedegung an d'Sécherheet vum Land ze stäerken.

Fir dësen Effort ze ënnerstëtzen, lancéiert Lëtzebuerg een Defence Bond, eng Staatsobligatioun déi sech un d’Allgemengheet riicht. Dësen Emprunt erlaabt:

  • National Verdeedegungs- a Sécherheetsprojeten ze finanzéieren
  • D’Lëtzebuerger Wirtschaft ze ënnerstëtzen
  • An e Produit vun engem AAA-notéierte Staat ze investéieren.

Lëtzebuerg ass dat éischt europäescht Land am 21. Joerhonnert, dat esou eng Obligatioun fir d’Allgemengheet ubitt, an de Bierger a Biergerinnen domat erlaabt, op engem direkte Wee zum Verdeedegungseffort bäizedroen a gläichzäiteg vun engem feste Rendement ze profitéieren.

Op dëser Säit fannt Dir:

  • D’Charakteristike vum „Defence Bond“
  • D’Virdeeler vun dëser Investitioun
  • Wéini a wéi kann een investéieren
Haaptcharakteristike vum Defence Bond
Emittent Groussherzogtum Lëtzebuerg
Fixen a kompetitiven Zënssaz 2,25%
Dauer 3 Joer ab dem Emissiounsdatum
Coupon  gëtt all Joer ausbezuelt, all 12 Méint ab dem Emissiounsdatum
Währung EUR
Mindestbetrag pro Souscriptioun 1.000 EUR (duerno an Tranchen vun 1.000 EUR)
Maximalbetrag pro Souscriptioun 150.000 EUR pro Persoun, pro Bank 
Steierlech Befreiung fir Zënserträg fir physesch Persounen déi zu Lëtzebuerg wunnen an am Kader vum Uleeë vun hire privaten Erspuernisser handelen
Cotatioun Obligatioun op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert
Emissiounsdatum 5 Februar 2026
ISIN LU3259937665
Information Memorandum  
Termsheet  

Wat sinn d’Virdeeler vun enger Investitioun an dës Obligatioun?

Reegelméisseg Revenue mat geréngem Risiko

D’Obligatiounen, déi vum Lëtzebuerger Staat emettéiert ginn, profitéiere vum AAA-Rating, deen déi finanziell Stabilitéit vum Land an seng Zouverlässegkeet beim Remboursement vun der Schold erëmspigelt.

Accessibel fir d’Allgemengheet

Privatinvestoren kënnen dës Obligatioun kafe fir e Mindestbetrag vun 1.000 EUR, a bis zu engem Maximum vun 150.000 EUR pro Bank.

Steiervirdeel

Lëtzebuerger Residenten, déi am Kader vum Uleeë vun hirem private Spuerkapital handelen, profitéiere vun enger kompletter an onbegrenzter Steierbefreiung vun den Zënsen.

Wéini a wéi kënnt Dir dës Obligatioun kafen?

Eng Souscriptioun ass vum 15. Januar 2026 14 Auer bis spéitstens den 30. Januar 2026 méiglech. Dësen Emprunt ass op 150 Milliounen EUR limitéiert. Wann dëse Montant also virum dem 30. Januar erreecht gëtt, ass eng weider Souscriptioun net méi méiglech.

Déi folgend Banken sinn Distributeuren vun dësem Investitiounsproduit :

FAQ

Wat ass eng Retail-Obligatioun?

Eng Retail-Obligatioun ass e Finanzprodukt, dat direkt individuellen (Retail-)Investisseuren ugebuede gëtt.

An dësem Fall léint Dir dem Staat Suen a kritt Zënsen (Coupon), an um Enn vun enger festgeluechtener Period kritt Dir Äert Kapital zréck.

Wann ech investéieren, wéini kréien ech meng Suen zréck?

D’Obligatioun huet eng Dauer vun 3 Joer, dat investéiert Kapital gëtt also eréischt dee Moment zréckbezuelt.

D’Zënse ginn all 12 Méint ab dem Emissiounsdatum op Äre Bankkonto iwwerwisen.

D’Obligatioun kann awer och virum Enn vun deenen 3 Joer um marché secondaire zum Verkaf ugebuede ginn.

All weider Informatiounen zu den Transaktiounen um marché secondaire kritt Dir bei Ärer Bank. 

Ginn d’Zënse besteiert?

Dës Obligatioun bitt e grousse steierleche Virdeel fir eng physesch Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt an hir privat Erspuernisser investéiert: d’Zënsen ënnerleien net der Akommessteier.

De Rendement no Steier ass domat méi héich wéi dee vun enger änlecher Investitioun, déi besteiert gëtt.

D’Zënse profitéiere vun enger Befreiung vun der Quellesteier op Zënse vun 20 % (RELIBI) fir all Persounen. D’Befreiunge si komplett an ouni Plaffong.

Am Fall vun engem Verkaf vun der Obligatioun innerhalb vu 6 Méint nom Kaf, gëllt eng eventuell Plus-Value aus dem Verkaf vun der Obligatioun allerdéngs als besteierbart divers Akommes (sougenannte „Spekulatiounsgewënn“).

Net-Residenten, inklusiv Persounen, déi no Artikel 157ter LIR besteiert ginn (dat heescht sougenannt Net-Residenten, déi fir Lëtzebuerger Zwecker steierlech wéi Residenten behandelt ginn), profitéieren zu Lëtzebuerg vu kenge steierleche Virdeeler op d’Zënse vun dëser Obligatioun, well dës scho vun der Lëtzebuerger Besteierung befreit sinn. D’Zënse sinn an hirem steierleche Wunnsëtzland no de gëllende Reegele besteierbar.

Ginn et Fraisen, déi bei dësem Produit ufalen?

Et gi keng Souscriptioun-Fraisen, mee d’Banke kënnen zousätzlech Fraise verrechnen.

Ass dëse Produit nëmme fir Residenten zu Lëtzebuerg geduecht?

Neen. Residenten oder Net-Residenten zu Lëtzebuerg kënnen an dës Obligatioun investéieren.

Kann ech dëst Produkt virbestellen?

Nee, Virbestellunge sinn net méiglech. D’Bestellunge kënnen eréischt ab dem 15. Januar 2026 um 14 Auer gemaach ginn an Souscriptiounen ginn nom Prinzip „Déi éischt, déi kommen, ginn als éischt zerwéiert“ zougedeelt.

Fir awer Zäit ze spuere bei der Ouverture vun de Souscriptiounen, kënnt Dir schonn elo Är Bank kontaktéieren, fir sécherzestellen, datt all néideg Dokumentatioun fir den Investisseur komplett ass (z. B. Äert Risikoprofil an d’KYC-Informatiounen).

Wéi ginn d’Fongen aus dësem Emprunt benotzt?

D’Fonge ginn agesat fir Investitiounsprojeten ze finanzéieren, déi de Krittäre vum Defence Bond Framework entspriechen. De Framework, an deem och d’Exklusiunskritären opgelëscht ginn, kënnen hei nogelies ginn.

E järleche Rapport mat der geneeër Allocatioun vun de Fonge gëtt op d’mannst eemol d’Joer um Internetsite vun der Trésorerie de l’État publizéiert.

Si meng perséinlech Donnéeë geschützt?

Nëmmen d’Bank, iwwer déi Dir d’Obligatioun kaaft an haalt, huet Zougang zu Äre perséinlechen Donnéeën.

Aktualitéit

  • Remarquable Succès vum Defence Bond, komplett allouéiert a manner wéi engem Dag

    16/01/2026

    D'Trésorerie de l'État annoncéiert, datt d'Emissioun vum Defence Bond, fir déi de 15. Januar 2026 ëm 14.00 Auer d'Souscriptioun opgaang ass, am Laf vum Freideg Moie komplett allouéiert gouf.

    Communiqué de presse - Ministère des Finances

    Ouverture vun de Souscriptiounen fir den Defence Bond

    15/01/2026

    Lëtzebuerg mécht haut, de 15. Januar 2026 ëm 14:00 Auer, ee grousse Schrëtt a mécht d‘Souscriptiounen fir de Defence Bond op, eng eenzegaarteg Staatsobligatioun an Europa. Dëst neit Finanzinstrument erméiglecht all Bierger direkt zur Stäerkung vun de Verdeedegungskapazitéite vu Lëtzebuerg bäizedroen an dobäi vun enger sécherer an attraktiver Investitioun an engem internationalen Ëmfeld mat wuessender Onsécherheet ze profitéieren.

    Communiqué de presse - Ministère des Finances
  • Lëtzebuerg publizéiert säin „Defence Bond Framework“ fir strategesch Investitiounen an der Verdeedegung ze ënnerstëtzen

    06/10/2025

    D’Lëtzebuerger Regierung huet den „Defence Bond Framework“ publizéiert, nodeems de Regierungsrot dësen de 6. Oktober 2025 formell guttgeheescht huet. Dës Publikatioun stellt eng wichteg Etapp am Engagement vum Land duer, seng national an europäesch Verdeedegungskapazitéiten ze stäerken, dëst am Kontext vun enger geopolitescher Situatioun, déi sech stänneg weiderentwéckelt.

    Lëtzebuerg gëtt domat dat éischt europäescht Land, dat een nationale Kader fir Obligatiounen ausschafft, déi der Finanzéierung vum Verdeedegungseffort déngen. Domat confirméiert d’Land seng Roll als Pionéier am Beräich vun der finanzieller Innovatioun. Dës Initiativ ass Deel vun de strategeschen Engagementer vum Land am Verdeedegungsberäich, besonnesch mam Zil, d’Verdeedegungsausgabe bis 2035 op 5% vum Bruttonationalrevenu (BNR) ze erhéijen.

    Communiqué de presse - Ministère des Finances